• Français
  • English

« 30 % des résidents luxembourgeois n’ont pas de médecin généraliste »

En Donneschdeg de Moie war ënner anerem d’Situatioun an der Santé Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

D’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, huet en neie Comité an en neie President: den Dr. Chris Roller. Hien ass Urolog an den Hôpitaux Robert Schuman a war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Bis elo hätt ee konstruktiv Gespréicher mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez. Si géif op den Terrain kommen, nolauschteren a Ried an Äntwert stoen.

Suerge maachen nach ëmmer déi laang Delaie bei Spezialisten an an den Urgencen. Eng Erklärung wier, datt d’Leit gären direkt bei de Spezialist ginn, amplaz bei den Hausdokter, dee Spezialisten an Urgencë kéint entlaaschten. 30% vun de Leit am Land hätten och guer keen Hausdokter. Do wier Sensibiliséierungsaarbecht néideg.

Dernieft misst déi ambulant Medezin weider ausgebaut ginn. Et wär wichteg de Patienten eng Offer ze bidden, déi d’Spideeler géif entlaaschten. Net alles misst am Spidol gemaach ginn. Am Ausland géif et deels och esou gemaach ginn.

Wat de PID – de Paiement immédiat direct – ugeet, do misst eemol e Bilan gezu ginn. Sécher wär et interessant, fir de Patient näischt méi musse beim Dokter virzestrecken. D’Dokteren hätten awer léiwer méi eng komplett Offer sou wéi d’Gesondheetsapp, déi App – DHN – déi d’AMMD entwéckele gelooss huet an un d’CNS verkaf huet. Do géif de Patient méi matabezu ginn, méi am Detail zum Beispill d’Rechnunge vun den Doktere gesinn an hätt och Zougrëff op digital Dokumenter, sou wéi d’Ordonnancen.

Share on social networks

Related Articles

See All AMMD's News